Back to the 80&90's heescht et den 21. a 26. Oktober nees am Kinepolis Kierchbierg a Belval. An dëse Mount ass et ''den'' 80er Jore Film par excellence. Deen hat esou vill Succès, datt direkt nach 2 weider Deeler derbäi koumen: Back to the future.

Dës Science-Fiction-Filmkomedie vum Regisseur Robert Zemeckis erzielt d'Geschicht vum Schüler Marty McFly, deen eng Zäitrees an den 1950er Jore mécht a mat der Vergaangenheet vu sengen Eltere konfrontéiert gëtt an dës och nach ännert. Ouni den Dr. Emmett 'Doc' Brown an ouni deem säi Sportsauto DeLorean, an deem Zäitmaschinn agebaut ass, wier dat alles net méiglech gewiescht. Mat ville witzegen Textpassagen, raffinéierter Geschicht a Kultmusek, huet dee Film terribel gefall.

Duerch dëse Film konnte sech de Michael J. Fox an de Christopher Lloyd en Numm maachen. A si waren och an den 2 weidere Filmer vu ''Back to the future'' mat u Bord. Och déi 2 Filmer, déi eemol an der Zukunft spillen an dann nees méi wäit zréck am Passé, hu vill Suen agespillt, allerdéngs konnten dës 2 net un de 1. ''Back to the future'' erukommen.

Et ass dann och den 1. Deel vu ''Back to the future'', deen den 21. a 26. Oktober am Kinepolis Belval a Kierchbierg lafen.