
© Patrick Greis
De Rainer Schanz ass 'Bodyguard' an zielt wéi et ass, säi Liewen ze riskéieren un der Säit vun engem Gerhard Schröder, Helmut Kohl oder der Angela Merkel. Hie war derbäi, beim leschten Agentenaustausch op der Glienicker Brücke oder wéi de Willy Brandt nom Mauerfall beim Brandenburger Tor eng Tréin verdréckt huet. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et mam Auteur vum Buch: 'Der Mann der aus dem Schatten kommt' awer och ëm Privates an dass hien et mat der Trei net ëmmer sou eescht geholl huet. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Eric Nosbusch, och nach als Nosi oder DJ Nosi bekannt. Hien zielt wéi en derzou komm ass opzeleeën an dass seng Mamm um Ufank net frou war well d'Honn bei senger Musek gebillt hunn. Hien erënnert awer och drun, wéi schwéier déi Zäit war, wéi en héieren huet, dass en Leukemie hätt a wéi e mat senger Krankheet ëmgaangen ass.
