
© Patrick Greis
NOSI. Déi 4 Buschtawen stinn bei der Jugend fir Party a gutt Stëmmung. Awer wien ass deen DJ, wéi koum en derzou opzeleeën a wat kann ee sech nach alles vun him erwaarden? Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt den Eric Nosbusch dës Woch awer och iwwer seng sportlech Talenter a firwat näischt draus gouf. Mir héieren wéi dat deemools zu Miersch an der Frittebud war oder wéi d'Lidd 'Schëdden' zustane koum a ginn gewuer wéi schwéier et war als Jonken mat der Diagnos 'Leukemie' konfrontéiert ze sinn.
Piano: Marc Schmidt
30-09-2024 RTL-Afterwork: mam Nosi (Méindeg)
Muer géint 17h15 zielt de Nosi dass en net just als DJ eng gutt Figur hannert dem Mëschpult zanter 2016 mécht, awer och am turnen an am Fussball konnt hien laang mathalen. An hien verréit wat hien géint Poppentheater huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 11 an 12 hei um Radio an där Woch wou kee Presseclub ass
Am meeschte gelies