
© Patrick Greis
NOSI ass fir déi meescht Jonk Musek an den Oueren, well als DJ huet hie sech net just bei eis am Land en Numm gemaach. Opleeë war awer net dem Eric Nosbusch seng éischt Léift well virdrun huet hien et och am Sport versicht. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten seng eenzel Choixen explizéiert a verzielt firwat kee grousse Sportsmann aus him gouf. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Nosi wéi e mat 17 Joer als Éisleker Bouf drop koum am Melu opzeleeën. Mir gi gewuer wéi et zu sengem Hit 'schëdden' koum, an héiere wéi e wéinst enger Wett 1l Glace giess huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 11 an 12 hei um Radio an där Woch wou kee Presseclub ass