
© Patrick Greis
Nach steet den Nosi als DJ am Virprogramm vun engem Paul Kalkbrenner a Robin Schulz, mee wann et him nogeet - an d'Virzeeche sinn gutt - kann een hien an Zukunft, an engem Otemzuch mat deene Groussen aus dem Business nennen. Am 'Café des artistes' huet den Eric Nosbusch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten aus senger Ufankszäit verzielt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Nosi ob ee Kontakt kritt wann een am Virprogramm vun engem groussen DJ opleet. Mir héieren wéi eng Aarbechten den Elvis huet, deen säin Management mécht a mir héieren, dass et hien och als hollännesch Editioun gëtt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 11 an 12 hei um Radio an där Woch wou kee Presseclub ass.