
© Patrick Greis
Aus dem Eric Nosbusch gouf mat 17 Joer den DJ Nosi. En Éisleker Bouf, dee mat sengem Hobby elo de WE d'Jugend heiheem, awer och am Ausland ënnerhält, wann hie seng Musek opleet. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gewisen, wat hie schonn erreecht huet an a wéi enger internationaler Liga hien aktuell spillt. Piano: Marc Schmidt
03-10-2024 RTL-Afterwork: mam Nosi (Donneschdeg)
Muer géint 17h15 verréit de Nosi firwat e scho sou laang Geschicht zu Wien studéiert. Hien zielt awer och wéi e mat Ufank 20 d'Diagnos Leukemie krut an dat him um Ufank de Buedem ënnert de Féiss ewechgezunn huet. Den Eric Nosbusch beschreift awer och wéi en do gestäerkt erauskoum an elo d'Liewen all Dag genéisst.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 11 an 12 hei um Radio an där Woch wou kee Presseclub ass.
Am meeschte gelies