
© Patrick Greis
Den Eric Nosbusch koum zu Ettelbréck de 14. Dezember 1994 als jéngst vun 2 Kanner op d'Welt komm, an zu Housen war hien an der Primaireschoul. Et huet awer dunn 17 Joer gebraucht bis hie seng éischt Schrëtt als DJ gemaach huet. Am 'Café des artistes' am Gronn huet de Nosi dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten en Abléck a säin Liewen tëscht Studium an Aarbecht als DJ ginn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Nosi firwat seng Box eng Kéier gebrannt huet. Den DJ muss sech entscheeden tëscht engem Metalowend oder engem mat Schlagermusek a mir héiere wat him hëlleft wann hien en Owend ze vill gefeiert huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 11 an 12 Auer hei um Radio an där Woch wou kee Presseclub ass.