Beim DJ Nosi hätt och alles ganz anescht kéinte kommen. Schwammen, Fussball an Turnen waren d'Alternativen, an hei war hie souguer vun 2008-2011 Landesmeeschter a sengem Joergang. Mat 17 Joer huet en awer gemierkt, datt DJ besser bei hie passt an huet säi Wee gemaach. Am 'Café des artistes' huet den Eric Nosbusch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden, datt 2019 säi Lidd 'Schëdden' him e besonnesche Push ginn huet, an dat haut zum Repertoire vun der Jugend gehéiert. Piano: Marc Schmidt

05-10-2024 RTL-Afterwork: mam Nosi (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 léiere mer de Raymond Bernard kennen, deen eis an Abléck an d'Liewen um Haff gëtt, wou e 40 Joer geschafft huet, ea als Butler vum Grand-Duc Jean. Awer och den Alain Delon an de Patrick Swayze hu säi Wee gekräizt a Spueren hannerlooss a mir héiere wéi ee sech richteg behëlt, well hien huet och e Buch iwwer d'Etikett geschriwwen.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 11 an 12 hei um Radio an där Woch wou kee Presseclub ass.