
© Patrick Greis
Dat nächst Fréijoer kënnt sou sécher wéi den Amen am Gebiet, et muss ee just Gedold hunn. Fir d'Leit mat engem Gaart a mat Terrain ronderëm der Dier bedeit den Hierscht awer och, dass ee sech schonn mam Fréijoer beschäftegt a kuckt dass d'Fréijorsblummen an de Buedem kommen. Tulpen, Hyacinthen, Krokussen, Schnéikläckelcher oder och nach Ouschterblummen. An dann heescht et oppassen op Wullmais an op de leemege Buedem, Jeannot Lacour.
-Do ass e bësschen méi Aarbecht gefrot, dh ech huele mäin schlechten Buedem eraus, do wou ech wëll meng Knollen setzen an dann maachen ech do mol Sand dran, fir dat ganzt e bësschen méi liicht ze maachen. Villäicht och nach gudde Buedem aus engem Sak, oder ganz liichte Kompost mat dran, awer net ze vill, well wann déi kleng Wuerzelen erauskommen aus där Knoll an de Buedem ass am Fong iwwersiedegt mat Närstoffer. Ze vill Kompost zum Beispill oder gedüngt, soll een elo net virun der Bléi, da kann et emol sinn dass déi Wuerzelen verbrennen an dann kënnt och näischt méi.
Wa mer dat gemaach hunn kënnen d'Knollen hier Wuerzelen maachen, well de Buedem méi locker ass an da komme schéin Planzen eraus. Awer och d'Déift spillt eng grouss Roll.
Wann ech mer elo eng Packung kafen, muss ech ëmmer drop kucken, wéi déif ech se muss setzen. Ech maachen elo net einfach mam Spuet e Lach an dran. Dat kann emol ganz schif ausgoen, well da stinn se meeschtens ze déif, an da kënnt och net méi vill eraus. Dat sinn dann déi zwou wichtegst, et sinn dann d'Wullmais an de Leem oppassen, an dann natierlech d'Déift an da misst kee Problem sinn.