Haut ass et esou wäit, den zweeten Joker-Film mam Joaquin Phoenix an der Haaptroll kënnt an d’Kinoen. "Joker: Folie à Deux" de Film vum Regisseur Todd Phillips hat seng Première um Filmfestival zu Venedeg gefeiert.

02/10/2024 Joker 2 Cut

Fir seng Performance als Joker am éischte Film, deen 2019 an d’Kinoe komm ass, krut de Joaquin Phoenix den Oscar fir de beschte Schauspiller. Elo ass hien zeréck an der Roll vum psychopatheschen DC Comic Antiheld. 

De Film spillt nees an der fiktiver Stad Gotham City, a behandelt ënner anerem Theme wéi psychesch Gesondheet, Kandheet’s Traumaen, an déi ambivalent Natur vum Mënsch. Den Todd Philipps bleift sengem Stil trei, a vermëscht schwaarzen Humor mat der zum Deel grausamer Alldags-Realitéit vu Gotham.

RTL

© afp

Ee vun de groussen Highlights vum Film ass sécherlech d’Introduktioun vum Lady Gaga an der Roll als Harley Quinn. Hire Casting huet bei de Fans fir vill Virfreed, awer och Spekulatioune gesuergt. De Publikum ass gespaant wéi d’Relatioun tëscht dem Harley Quinn an dem Joker an dësem Film zestaane wäert kommen. Anescht wéi den éischte Film enthält d’Fortsetzung méi musikalescher Elementer fir dem Arthur Fleck aka Joker seng ënnerlech Gefiller auszedrécken. 

D’Dynamik tëscht dem Joaquin Phoenix an dem Lady Gaga versprécht dem Film eng nei a frësch Perspektiv ze ginn. Et geet wuertwiertlech ëm Wansinn zu zwee.