Leschte Samschdeg war den Dag géint Tollwut, an d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall deen gutt passt, och wann d'Geschicht schonn iwwer en halleft Joerhonnert hier ass, mee kënnt haut nach wéi deemools genee sou passéieren.

Ee gudden, dichtegen Déierendokter sollt een uechtzéng Joer alen Zwergpuddel géint d´Tollwut impfen. Well den Bijou ganz bësseg war an hien awer och nach sollt mat an d´Schwäiz geholl ginn, war d´Impfung hei besonnesch wichteg. Seng Meeschtesch hat awer wéinst dem Bijou sengem schwaachen Häerz Angscht virun de Reaktiounen op d'Impfung. D´Madamm, privat och eng Bekannte vum Dokter, huet gemengt, op een dann net eng Ausnam maachen an den Impfpass kënnt à jour bréngen, ouni de Mippchen wierklech ze impfen.

Romi Roth - Tollwutimpfung - Geschicht

An du passéiert, wat an esou Fäll gär geschitt: de Bijou huet an der Schwäiz ee Kand ferm gebass. Am Kinderspital ass natierlech no der Tollwutimpfung vum Mupp gefrot ginn, mam Hiweis, dass d´Wouerecht hei carrement lieweswichteg wier.

D´Madamm wollt a konnt déi Responsabilitéit net iwwerhuelen an huet zouginn, dass den Impfcertificat säi Pabeier a seng Tënt net wäert war. D´Kand huet misse geimpft a passiv mat Tollwut-Antiserum versuergt ginn, wat och bei Mënschen nawell penibel Niewewierkungen hat. Den Déierendokter krut terribel Probleemer an net laang drop vu Misär a Schimmt een Häerzschlag vun deem hien net méi gutt gouf. Och dowéinst wäert haut kee Kolleeg méi esou ee Risiko agoen. Fir Honn ass d´Impfung géint d´Tollwut, déi all Mammifère erwësche kann, gesetzlech virgeschriwwen an hält no der Primo-Immunisatioun dräi Joer. Kazen mussen dem Gesetz no just fir an d´Ausland geimpft ginn

Romi Roth - Tollwutimpfung - Suiten