Moies virum Zännwäschen oder no enger gudder Ënnenzopp kee Kuss. Mondgeroch, oder Halitosis, ka bei ville Leit virkommen, mee wéi kënnt et dann iwwerhaapt dozou, dass een aus dem Mond ka sténken? 

03/10/2024 Mr Science

Anescht wéi oft dacks geduecht, kënnt Mondgeroch net aus dem Mo, mee entsteet, wa Bakterien am Mond an op der Zong Iessensreschter zersetzen. Dobäi gi volatil schwiefelhalteg Stoffer fräigesat, déi schlecht richen. Am Normalfall sinn dës Stoffer an sou klenge Quantitéiten ze fannen, datt een se net richt. Mee a verschidde Fäll ass d'Konzentratioun vun dëse Stoffer am Mond staark genuch, fir dass aner Leit de Mondgeroch kënne richen.

A wéi enge Fäll geschitt dat dann?

Et gi verschidden Ursaache fir Mondgeroch, wéi zum Beispill d'Consommatioun vu bestëmmte Liewensmëttelen, eng schlecht Mondhygiène, en dréchene Mond oder bestëmmt Krankheeten.  
Verschidde Liewensmëttelen enthale vill Schwiefel oder aner Stoffer, déi staark richen. Dowéinst huet een, nodeems een z. B. Knuewelek oder Ënnen ësst, dacks Mondgeroch. Änlecherweis kann een och Mondgeroch kréien, wann een Tubak fëmmt oder Alkohol oder Kaffi drénkt. 

Duerch eng schlecht Mondhygiène kënnen Iessensreschter a Bakterien sech am Mond usammelen. D’Zersetzung duerch Bakterien ass da méi staark an et kënne méi volatil Stoffer ausgestouss ginn. 

Ok, sou eppes hat ech schonn héieren, mee dréchene Mond a Krankheeten? 

An engem dréchene Mond kënne Bakterien sech och accumuléieren. Normalerweis hemmt de Spaut nämlech de Wuesstum vu Bakterien duerch seng antibakteriell Eegenschaften. Dofir kann ee mat engem dréchene Mond, sief et duerch Medikamenter, eng ongenügend Hydratatioun oder en oppene Mond beim Schlofen, méi oft, zumools moies, Mondgeroch hunn.
A ganz rare Fäll kann de Mondgeroch dann och vun enger Infektioun oder Krankheet vum Mond-Nues-Beräich, vun den Otemweeër oder vum Verdauungssystem kommen.  

Kann ech dann eppes maachen, fir Mondgeroch ze vermeiden?

Fir d’éischt kanns de scho mol Tubak an d’Liewesmëttelen a Gedrénks vermeiden, déi Mondgeroch provozéieren. Et soll een trotzdeem genuch iessen an drénken, well da méi Spaut produzéiert gëtt.  
Eng gutt Mondhygiène iwwerdeckt net nëmmen de Mondgeroch, mee se hëlleft och, kee Mondgeroch ze kréien. Ganz wichteg ass et dofir, net nëmmen d’Zänn propper ze halen, mee och d’Zong an d’Räim tëschent den Zänn. Also: D’Zänn an d’Zong wäschen, an Zännseid benotzen. Wann een op Nummer sécher wëll goen, kann een och nach eng Mondspülung maachen.  
Méi rezent Traitementer géint Mondgeroch si Probiotika an eng photodynamesch Therapie. Probiotika si „gutt Bakterien”, déi mat de „schlechte” Bakterien am Mond konkurréieren. An der photodynamescher Therapie gi speziell Molekülle benotzt, déi d’Bakterie futtimaachen, wann se vun enger bestëmmter Liichtfrequenz ugestraalt ginn. Wéi eng Method elo am beschten a wéi enge Fäll funktionéiert, ass nach net ganz gewosst. D’Fuerschung bleift also spannend!