Wa Maueren schwätzen kéinten, géif een vill Interessantes gewuer ginn, och um Haff. Den Raymond Bernard ass 40 Joer am Palais an- an ausgaange a senge Funktiounen als Majordome, Maître de cérémonie a Butler vum Grand-Duc. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten lëft den Auteur vun engem Buch iwwer d'Etikett e puer vun de Geheimnisser, an zielt dës Woch iwwer d'Kinnigin Sofia an de Kachkéis, den Albert vu Monaco an d'Schmieren an den Alain Delon an d'Piscine. 
Piano: Marc Schmidt

07-10-2024 RTL-Afterwork: mam Raymond Bernard (Méindeg)

Muer géint 17h15 verréit de Raymond Bernard, de fréiere Butler vum Grand-Duc wéi hien bei der Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie den Hochzäitsrack gerett huet an dem belsche Kinnek e Faux pas erspuert huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen