Haut sinn d'Aen alleguerten op de Palais geriicht, a vum Haff geet och ëmmer eng besonnesch Faszinatioun aus. Heiansdo huet een d'Geleeënheet d'Herrschaften live ze erliewen, bei enger Visitt am Land oder ganz geleeëntlech um Balcon vum Palais. De Raymond Bernard huet 40 Joer als Majordome, Maître de cérémonie a Butler vum Grand-Duc geschafft a villes erlieft. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ass hien nach e bësschen méi an d'Detailer gaangen wéi a sengem Buch: 'Die Besonderheiten der Etikette'. Piano: Marc Schmidt

08-10-2024 RTL-Afterwork: mam Raymond Bernard (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 verréit de Raymond Bernard dann wéi hien op déi aktuell Grande-Duchesse Maria Teresa ze schwätzen ass. Mir héieren wéi den Ëmgang mam fréieren Premier Jean-Claude Juncker ass a wéi et deemools war, fir en Acteur wéi den Alain Delon ze schaffen.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen