'Diskretioun' an 'Etikett', dat sinn déi Wieder déi fir de Raymond Bernard eng grouss Bedeitung hunn. 'Diskretioun' well hien bei all sengen Aarbechten am Palais als Majordome a Maître de cérémonie ëmmer am Hannergrond war, ouni sech an de Mëttelpunkt ze spillen, an 'Etikett' well et hei wichteg Reegelen gëtt, déi international gëllen an um Haff zum 'ordre du jour' gehéieren. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht de fréieren Butler vum Grand-Duc méi gespréicheg ze maachen. Piano: Marc Schmidt

09-10-2024 RTL-Afterwork: mam Raymond Bernard (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 verréit de Raymond Bernard, dass am Palais och Kachkéis op den Dësch kënnt, an, dass hien eng Kéier der Kinnigin Sofia vu Spuenien eng Nohëllefsstonn an dësem nationale Plat ginn huet. An et geet ëm de Patrick Swayze deen hei zu Lëtzebuerger 'Brudderschaft' mam Raymond Bernard gedronk hat, an déi eng flott Geschicht verbonne huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen