Als Majordome, Maître de cérémonie oder Butler vum Grand-Duc hat de Raymond Bernard zwar wärend senge 40 Joer um Haff ëmmer schéin Uniformen un, awer et war ni fir den Herrschaften d'Show ze huelen a sech selwer an de Mëttelpunkt ze stellen. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt dass hien och soss alt emol ausgehollef huet wann héich Prominenz op Lëtzebuerg koum. Beispillsweis bei groussen Acteuren wéi dem Alain Delon oder dem Beau aus 'Dirty Dancing'. Piano: Marc Schmidt

10-10-2024 RTL-Afterwork: mam Raymond Bernard (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 verréit de Raymond Bernard wéi hien dem Kinnek vu Jordanien Baartseef bei de Grand-Duc ausléine war. Mir héieren ob et besonnesch schlëmm Royals ginn, déi d'Personal vun uewen erof bekucken, a gi gewuer wéi d'Relatioun mat Presidenten ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen