
© Patrick Greis
Wat de 'Knigge' fir d'Welt, dat ass dem Raymond Bernard säin Buch 'Die Besonderheiten der Etikette' fir de Grand-Duché. 40 Joer huet hien um Haff als Majordome, Maître de cérémonie an Butler vum Grand-Duc trei sengen Herrschaften gedéngt, an huet eng gutt Figur gemaach, wann d'Royaltys am Palais an an ausgaange sinn. Hien weess wéi en Dësch korrekt muss gedeckt sinn, wéi een Smalltalk mécht a wéi eng Schong bei wéi e Kostüm passen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht Hannegrondgeschichten gewuer ze ginn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit de Raymond Bernard dass hien weltwäit Formatiounen a 'gudde Manéieren' gëtt. Mir héieren vun him op een besser virun oder no der Zäit do ass, an hien huet en Trick, dass d'Hiem garantéiert ëmmer an der Box bleift.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen