De Raymond Bernard huet vu klengem un geléiert wéi ee sech behëlt. Dëschmanéieren, Kleedungsstyl a Respekt sinn d'Schlagwieder vu sengem Buch: 'Die Besondherheiten der Etikette'. 40 Joer huet hien och um Haff sengen Herrschaften trei gedéngt als Majordome, Maître de cérémonie a Butler vum Grand-Duc. Wéi hien dohinner komm ass, wien him alles iwwer de Wee gelaf ass, wéi eng Faux-pasen et gouf a wéi Royaltys a Promien sou am Privatliewen sinn, huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am 'Café des artistes' verroden. Piano: Marc Schmidt

12-10-2024 RTL-Afterwork: mam Raymond Bernard (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un der laangjäreger Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi jo och ea Ausseministesch war. Si beweist dass d'Pianosstonnen bis haut eppes bruecht hunn, zielt e Witz, verréit firwat si griichesch schwätze kann a mir ginn gewuer firwat se eng Kéier aus der Klass geflunn war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen