Den Ierfgroussherzog Guillaume wäert den 8. Oktober offiziell zum Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc ernannt ginn. Wat wënscht Dir dann eisem nächste Grand-Duc? Mir hu mam Mikro nogefrot.

07/10/2024 Emfro Prënz Guillaume

D‘Zeremonie fänkt mat der Ënnerschrëft vum entspriechenden Arrêté grand-ducal am Palais un, ier den Ierfgroussherzog virun der Chamber vereedegt gëtt.
 
Duerno begréissen den Ierfgroussherzog Guillaume, de Chamberpresident an de Premier de Public um Krautmaart.