Tennis vun der Spëtzeklass, e Bléck hannert d'Aarbecht beim Zeechentrickfilm an en Trip mat engem Unimog op de Nordkap, dorëms goung et gëschter beim Dan Spogen am LIVE! planet people mam Andrea Petković, Elena Labalestra a Robert Petry.

RTL

D'Andrea Petković weist vill Gefill mat der Tennisrakett a fënnt och déi richteg Wieder an hire Bicher. D'Tennisspillerin déi wéinst de 'Luxembourg Ladies Tennis Masters' zu Lëtzebuerg ass huet hier Geschicht am Buch 'Zeit, sich aus dem Staub zu machen' festgehalen.

LIVE - Andrea Petkovic
RTL
RTL

De Robert Petry hänkt sou u sengem Unimog, dass en och mat him op de Nordkap an zréck war. Zwee Méint war hien ënnerwee mat dësem Gefier, dobäi huet hien 130km den Dag zréckgeluecht an hat um Enn 7.400km um Kilometerzieler.

LIVE - Robert Petry
RTL
RTL

D'Elena Labalestra huet vu Kand un gezeechent. Fir den Zeechentrickfilm 'In Frame' gouf et a Polen op der UNICA schonn eng Goldmedail an elo hofft si e Sonndeg um Dikrecher Filmdag heemlech och op een Präis mam Videoclip 'Nous sommes les hommes' vum Serge Tonnar

LIVE - Elena Labalestra