
© Patrick Greis
Haut stellt de Jeannot Lacour eis de Nofollger vum gudden alle Pällem, dem Buxus vir, deen vill Leit als Trennung doheem gebraucht hunn. De Gaardenexpert ass frou gudden Ersatz fonnt ze hunn.
Firwat de Nofollger? Mir wëssen jo dass de Pällem eis zanter Joren e bësschen Misär mécht. Wann et keen Pilz ass, dann ass et e Raup deen de Pällem befält, dat net nëmmen eemol, zweemol, dräimol. T'muss ee permanent hannendru sinn, et kritt een en einfach net méi schéin, wann ee sech net intensiv drëms bekëmmert. An iergend eng Kéier soen d'Leit sech, komm mir geheien en eraus. An dofir stelle mer haut den Nofollger vir, den 'Ilex crenata - Dark Green.
Un de neie Numm muss ee sech vläicht gewinnen, un d'Planz awer weider net. Wat kann een iwwer den 'Ilex crenata - Dark Green' alles soen?
T'ass och eng ëmmergréng Planz, op däitsch heescht nach 'japanische Stechpalme' op Lëtzebuergesch 'japaneschen Hüllem'. De Virdeel vun der Planz, se ass net fraschtempfindlech, se ass natierlech widderstandsfäeg géint Krankheeten an Insekten déi se befale wëllen. Dat ass jo dat wichtegst wat de Pällem am Moment net huet. E gëtt och als Heck geplanzt, sou als Trennung an engem Geméisgaart, oder einfach sou als Zierplanz eenzel am Gaart, als Bull, t'selwecht wéi de Pällem.