
© Patrick Greis
D'Lydie Polfer ass Buergermeeschtesch zanter 1982, mat 14 Joer Ënnerbriechung. 1979 souz si schonn an der Chamber fir d'DP, war 10 Joer Presidentin vun hirer Partei, war och 10 Joer am europäeschen Parlament a 5 Joer huet si Lëtzebuerg als Ausseministesch vertrueden. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer méi Wäert op dat geluecht wat déi geléiert Affekotin als Kand an als Studentin gestëbst huet, se ginn gewuer firwat se griichesch kann, wat se privat bedauert, spillt e Stéck um Piano an zielt e Witz deen perséinlech Konsequenzen hat. Pianist ass den Marc Schmidt.
Muer géint 17h15 verréit d'Lydie Polfer, dass si a jonke Joren Piano geléiert huet, wann och net gär. Mir héieren dass si d'Reegelen doheem opgestallt huet, wéini si no enger Party Heem koum, an héieren firwat si eng Kéier an der Klass virun d'Dier geflu war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, an e Sonndeg tëscht 11 an 12 héier dir um Radio déi bescht Momenter aus dem Gespréich