Gefillt stoung d'Lydie Polfer zanter 1982 un der Spëtzt vun der Stater Gemeng, mol ofgesinn vun deene Joren wou déi Hären Helminger a Bettel d'Geschécker vun der Stad geleet hunn an d'Mme Polfer an anere politesche Funktiounen aktiv war. Am 'Café des artistes' goung et awer méi ëm d'Privatpersoun. Den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hu versicht méi gewuer ze ginn iwwer dat wat si bis elo ni gefrot gouf oder ni sou gesot huet. Piano: Marc Schmidt

15-10-2024 RTL-Afterwork: mam Lydie Polfer (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Lydie Polfer firwat si zu Grenoble Droit studéiert huet an néirens soss. Mir héieren wéi e 'Bizutage' anescht ausgaangen ass wéi geduecht, an héieren och firwat si sou gutt griichesch versteet an do kënnt d'Wëssen net just aus de Bicher.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, an e Sonndeg tëscht 11 an 12 héier dir um Radio déi bescht Momenter aus dem Gespréich