Gefillt war d'Lydie Polfer schonn ëmmer do, an der politescher Landschaft. 1979 goung et lass als jonk Deputéiert, vun 1982 als Buergermeeschtesch, 1985 goung et och an dat europäescht Parlament an 1999 koum se als Ausseministesch an d'Regierung, fir nëmmen déi Statiounen ze nennen. Am 'Café des artistes' am Gronn ass d'Mme Polfer awer och un hier Studentenzäit erënnert ginn vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano: Marc Schmidt

16-10-2024 RTL-Afterwork: mam Lydie Polfer (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 verréit d'Lydie Polfer wéi eng Erënnerungen si un de Jacques Chirac huet. Se erënnert sech un e Besuch am ale Prisong am Pafendall wou si 1979 e landbekannte Gangster viru Geriicht vertriede sollt a si denkt zréck un déi Zäit an der Regierung mam Jean-Claude Juncker.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, an e Sonndeg tëscht 11 an 12 héiert Dir um Radio déi bescht Momenter aus dem Gespréich.

Nächste Mëttwoch sinn den Aender Jung, Tom Hillenbrand an Henri Leconte am 'Café des artistes'. Fir Sëtzplazen schéckt en SMS op de 6-2468 Stéchwuert 'Afterwork' (50ct)