Fir 134.697 Awunner vun der Stad Lëtzebuerg ass d'Lydie Polfer hier Buergermeeschtesch a Mamm vun der Stad, an dat mat Ënnerbriechung zanter 1982. A fir méi wéi 4.400 Beamten an Aarbechter ass si d'Cheffin a kuckt, datt d'Stad Lëtzebuerg national an international e gutt Bild ofgëtt an et sech gutt do wunnen a schaffe léisst. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten, sech fir ee vun de 24 verschidde Quartieren apaart interesséiert. Piano: Marc Schmidt

17-10-2024 RTL-Afterwork: mam Lydie Polfer (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 verréit d'Lydie Polfer wéi si Aarbecht a Privatliewen ënnert een Hutt kritt. Mir ginn gewuer ob se léiwer Actrice oder Dj'aine gi wier, a mir héieren wat si géint E-Trotinetten huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, an e Sonndeg tëscht 11 an 12 héier dir um Radio déi bescht Momenter aus dem Gespréich