D'Lydie Polfer huet sech als Stater Buergermeeschtesch, Deputéiert an Ausseministesch vill Meritte verdéngt. Bei der Lëscht vun den Auszeechnunge stécht tëscht de Medailen aus Italien, Rumänien an der Republik Éisträich awer den Titel als Kommandant vun der Éierelegioun ervir. Am 'Café des artistes' am Gronn goung et beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och ëm d'Schietsäite vun der Popularitéit, also de Revers vun der Medail. Piano: Marc Schmidt.

18-10-2024 RTL-Afterwork: mam Lydie Polfer (Freideg)

Muer géint 17h15 verréit d'Lydie Polfer firwat si net op Facebook ass an dass si och och emol mam Anne Brasseur a Colette Flesch als Andrew Sisters opgetrueden ass. D'Stater Buergermeeschtesch muss sech tëscht dem ale Jean-Claude an dem neie Luc entscheeden a gëtt e Stéck um Piano zum beschten.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, an e Sonndeg tëscht 11 an 12 héiert dir um Radio déi bescht Momenter aus dem Gespréich.