
© Patrick Greis
An hirer Partei a fir hir Partei huet d'Lydie Polfer sou zimmlech alles erreecht, wat een erreeche kann. Déi aktuell Stater Buergermeeschtesch, déi och an der Chamber, am Europaparlament, an als stellvertriedend Premierministesch an der Regierung Juncker vun 1999 bis 2004 war, huet am Gespréich déi privat Säiten fir eng Kéier gewisen. Am 'Café des artistes' huet d'Mme Polfer beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gewisen, dass si um Piano näischt verléiert huet, an huet sech och e puer mol missten spontan entscheeden. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Detlef Steves. Villen bekannt vun der däitscher Televisioun, als dee klengen mat der plakeger Kopp, deen an all de Formater wou hien optrëtt ëmmer séier op 180 ass an explodéiert, egal op bei 'Ab ins Beet' oder 'Grill den Henssler'. Ea gi mir gewuer firwat hien bei 'Let's dance' net wäit koum an hien ni an den 'Dschungel' wëll goen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, an e Sonndeg tëscht 11 an 12 héier dir um Radio déi bescht Momenter aus dem Gespréich