
© Patrick Greis
Den Hierscht ass Zäit vun den Drauwen frësch aus dem Wéngert, awer och vun den Äppel an de Quetschen aus dem Bongert an de Kalbassen, dofir verwonnert et och net, dass een den Ament nees vill Uebst laanscht d'Stroossen ze kafe kritt oder op ville Fester wéi dem Nëssmaart zu Veianen oder dem Fest vun de Kalbassen zu Nidderaanwen. Awer och an der Stater Groussgaass, um Roude Pëtz laanscht dem Will Lofy sengem Hämmelsmarsch-Buer, gouf et e Samschdeg allerlee Uebst an allméigleche Formen.

An d'Leit, déi e Samschdeg vum gudde Wieder profitéiert hunn, ware positiv iwwerrascht, wat sech hinnen do gebueden huet. Se konnten net nëmme kucken a kafen, mee och nach schmaachen an sech mat den Uebstbaueren um Stand ënnerhalen.






