Et ass en Trend, fir aus Videospiller Serien ze maachen. En erfollegräicht Beispill ass The Last of us, dat mir iech an eiser Serie iwwer Serien och scho virgestallt hunn. Nach méi e fulminante Succès hat Fallout op Amazon prime an de leschte Méint virun allem an den USA a krut 16 Emmy Awards-Nominatiounen.

16/10/2024 Série iwwer Sérien

D'Spill, op deem d'Serie baséiert, muss een och net kennen, fir d'Geschicht suivéieren ze kënnen. Se spillt just an deem Universum, mä se ass a sech geschlossen a vum Spill onofhängeg. Fir d'Fane vum Videospill och glécklech ze maachen, si sougenannten Easter Eggs verstoppt ginn - an d'Fane sinn och begeeschtert.

WatGeschicht vu Falllout ass, gesitt dir am Trailer:

RTL

© Amazon Studios, Kilter Films, Amazon MGM Studios

Mir sinn an engem postapokalypteschen Drama, an enger alternativer Geschicht. D'USA sinn duerch Atombomme zerstéiert ginn an d'Welt ass natierlech eng komplett aner.  Am Ufank si mir mat enger Haaptfigur an engem Bunker an duerch eng Missioun geet si an d'Welt eraus, eng Welt an där et keng Gesetzer gëtt, mä vill Brutalitéit an degeneréiert Monsteren. Mä mir entdecken dat mat hir zesummen, mir gi mat hir an déi Aventure, wat interessant gemaach ass. An och wann et lo sou düster kléngt, gëtt et vill witzeg Momenter. D'Geschicht ass spannend erzielt a gëtt ënnerluecht vun engem fantastesche Choix vu 40er, 50er-Jore Musek, déi entweder Ironie oder Emotionalitéit bréngt.

Loosst iech op Amazon Prime mat an dës speziell Welt huelen. Vill Spaass beim Kucken.