Wien d'Flemm huet mam Pällem, well en déi leschten Zäit vill ze vill ufälleg war op Krankheeten a Raupen, deem kann gehollef ginn. Den Ilex crenata 'Dark Green' kann de Klassiker ofléisen. De Virdeel vun der Planz, se ass net fraschtempfindlech, se ass natierlech widderstandsfäeg géint Krankheeten, de Pilz an d'Raupen, déi se befale wëllen, a gesäit och nach quasi t'selwecht aus, Jeannot Lacour.

Dir mierkt keen Ënnerscheed. Vu wäitem gesäit een den Ënnerscheed scho guer net, een, deen eppes dervu kennt, gesäit et natierlech vun no. D'Blat ass bal identesch, ass och sou donkelgréng. Wann de Pällem da gesond ass, ass en och sou donkelgréng. T'gesäit am Fong t'selwecht aus, mee natierlech muss een oppassen. Et muss een och eppes domadder maachen. Et kann een en net iergendwou an de Gaart setzen. En huet gär eng sonneg Plaz oder hallef am Schied huet e gär. De Buedem muss duerchlässeg sinn. Dat heescht an de puere Leem, do wou d'Waasser permanent dra stoe bleift, dat ass Gëft, iergendwann ginn d'Planzen an.

Jeannot Lacour - Ilex crenata - keen Ënnerscheed mam klassesche Pällem

Am Kloertext bedeit dat.

D'Wuerzele fänken un ze faulen, e fänkt un uewe brong ze ginn an da stierft en of. Dofir kann een, wann een esou leemege Buedem huet, de Buedem verbesseren, dat entweder mat Sand, Kompost, Buedem aus enger Tut. Alles dat, fir de Buedem besser a méi liicht ze maachen, an natierlech dat Wichtegst, duerchlässeg. Liicht sauere bis neutrale Buedem. Waasser, jo, am Ufank e bëssi. Mee wann et awer elo e puer Joren hier sinn, wou een de ''japaneschen Hüllem'' gesat huet, muss een net onbedéngt netzen, ausser an extrem Drécheperioden.

Jeannot Lacour - Ilex crenata - richteg Fleeg

Mam Reen hate mer jo dëst Joer kee Probleem, esou dass en net genuch Waasser kritt hätt. Schneide kann een e wéi ee wëll. Och wann een e méi staark zréckschneit, e kënnt erëm. An nach eng gutt Nouvelle: En huet kee Problem mat eise Wanteren, déi jo net sou extrem sinn.