Et ass eng Urgence. De Baloo gesäit aus wéi wann hien mam ganze Kierper duerch e Schredder gaange wier, oder eng formidabel Kläpp gehat hätt. Hee gesäit bal net méi zu den Aen eraus vun elauter Strummen a Rëff. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet déi ganz Geschicht.

Den alen englesche Bulldog hat ëm d´Nues an d´Aën bal kee Still Pelz méi, dofir e kuuschteg-bluddege Roff um aneren. Mee et gouf séier kloer, dass keen anert Déier um Misär schold war: de Baloo hat sech selwer bis op d´Blutt gekraazt a geschuddert. De  Bass koum, wéi an de rëffege Grimmelcher ënnert dem Mikroskop ze gesi war, vu Krätzmilben. Méi genee Sarkoptesmilben. An déi hat de Baloo zimmlech sécher erwëscht wéi hien mat sengem Kallefskapp bal ganz an engem grousse Fuussebau verschwonne war.

Déierentipp - Romi Roth - De Fuussekrätz - Diagnos

A wisou soll dat dann ee Fuussekrätz gewiescht sinn?

Well déi aarme Fiiss den Ament nach ëmmer  immens gehäit sin mam Fuusse- oder eben dem  Sarkopteskrätz. A well de Baloo beileiwen och keen Eenzelfall ass. Vill Kaze-Fräileefer, awer och Honn mam selwechten Problem ginn grad an dëser Saison reegelméisseg mam selwechte Probleem an der Praxis virgestallt.. A ginn dann t'selwecht therapéiert: mat engem Mëttel géint bal all bannescht a baussecht Parasitte fir all Mount anzeginn,  Sprëtze mat Antibioticken géint d´Entzündung duerch Bakterien a Mëttele géint de Bass an d´Entzündung.

Déierentipp - Romi Roth - De Fuussekrätz - Traitement