Usech gëtt jo all Woch zu Frankfurt haart verhandelt: Mais des Woch stoungen an stinn net Finanzen, mee en ganz anert Thema am Fokus vun den Verhandlungen – Bicher. Bis e Sonndeg ass d’Frankfurter Buchmesse, di gréissten international Bicherfoire vun der ganzer Welt. D’Claire Schmartz ass op der Plaz.

19/10/2024 Frankfurter Buchmesse Korrespondenz

Den Dënschden Owend ass se offiziell opgaangen: di 76. Bicherfoire zu Frankfurt, di gréissten international Bicherfoire op der ganzer Welt, mat 4000 Aussteller an Ausstellerinnen, iwwer 1000 Auteuren an iwwer 650 Evenementer wéi Workshops, Liesungen, Diskussiounen oder offiziellen Erëffnungen. Wärend et am Laf vun der Woch an den Halen gebrummt huet, wou d’Verlagsvertrieder a Vertriederinnen aus der ganzer Welt iwwer Rechter fir Iwwersetzungen, nei Bicherprojeten oder Verfilmungen verhandelt hunn, ass elo, zanter en Freiden Mëtteg, d’Foire fir de grand Public op a lackelt mat Geschichten a Bicher aus der ganzer Welt.

Vun de Philippinnen, di d’nächst Joer den Éieren-Invité vun der Foire wäerte sinn, bis zu Ghana oder Ägypten, ass och Lëtzebuerg dëst Joer erëm mat engem Gemeinschaftsstand vun de verschiddene Lëtzebuerger Bicherediteuren vertrueden. Nei ass en 8000 Quadratmeter groussen neien Pavillon fir de boomende Bichergenre “Romance and New Adult”.

Am Fokus vun der Foire steet dëst Joer Italien, di den internationalen Pavillon an eng antik Plaza verwandelt hunn a wou een ënner anerem di éischt Editioun vum Pinocchio fanne kann. D’Foire zu Frankfurt, di eng Plattform fir Diskussiounen an Ausernanersetzungen si soll, ass och erëm eng Plaz, wou gestridden gëtt: net zulescht, well Autorinnen wéi den Mafia-Expert Roberto Saviano vun der postfaschistescher Regierung vum Meloni aus der Éirendelegatioun ausgeschloss gi waren. Dass se trotzdeem op Frankfurt komm sinn, kënne mer der Aluedung vun der Frankfurter Buchmesse selwer an hirem däitschen Verlag verdanken. Mee d’Diskussiounen iwwer di aktuell politesch Landschaft am Gaaschtland gëtt och op der Foire weidergefouert.

Fir all déi, di gäre liesen an hir Nues an nei Bicher, aktuell Themen oder Klassiker stiechen, di Loscht op international Bicher, flott Comics, mächteg Lyrik oder fantastesch Geschichten hunn, ass et de Rendezvous vum Joer – an e perfekte Plang fir en Ausfluch am Laf vum Weekend. Wéi all Joer ass och haut erëm e Bus vu Lëtzebuerg fir en Dagesausfluch op d’Frankfurter Buchmesse gefuer.

D’Claire Schmartz fir RTL Radio vu Frankfurt.