Zanter dëser Rentrée huet de Schoulrestaurant Restopolis de Projet «Zéro Déchets» lancéiert. Viséiert sinn d'Verpackungen an d'Besteck, déi d'Schüler soss kritt hunn, wa si sech Iessen "to go" kaf hunn.
Schülerinne vun der 3ième aus dem Lycée Robert Schuman hunn am Kader vun hirem "Mediendag" am Lycée nogefrot, wéi dës Ännerung an der Schoul ukënnt.
Manner Offall produzéieren an doduerch méi Ëmweltschutz, dat ass och de Schüler um Lampertsbierg wichteg. Fir eis bedeit d’Ännerung elo, dass mir fir ënnerwee ze iessen eng Lunchbox musse kafen, déi mir nom iesse kënnen zeréck ginn. Da kritt een och d'Suen zeréck. Besteck an Zerwéite kritt een och net méi automatesch mat, mee et muss een dono froen. Respektiv Besteck, dat ee méi dacks ka benotzen, muss ee kafen. Konsequenzen hunn och Mataarbechterinnen aus der Kantin an dem Bistro bemierkt. Si kréichen zum Deel negativ Remarke gemaach. An et géing een och bemierken, dass manner Schüler an der Schoul iessen.
Eng Feststellung, déi d’Direktesch aus dem Lycée Robert Schuman, Michèle Remakel, och deelt. Dat dierft jo net sinn. Dobäi kënnt, dass dann awer vill Verpackungen, zum Beispill Pizzakatronen, eweg geheit ginn.
Säit den neie Reegelen ass effektiv net manner Dreck vun de Verpackungen an der Schoul festgestallt ginn, fannen och d'Schüler. Allgemeng wier et zwar och hinne wichteg manner Offall ze produzéieren. Mee d’Ëmsetzung wier awer net onbedéngt gelongen, fannen d'Matschüler, déi mir gefrot hunn.
Op Nofro präziséiert Restopolis, dass et kee generellt Verbuet gëtt, mee et kéint een ëmmer nach no Verpackungen, esou wéi Besteck, dat een ewech geheie kann, froen. D’Zil wier et och net op Besteck a Verpackungen ze setzen, déi een ënnerwee ëmmer nees benotze kann, mee éischter dass d’Schüler op der Plaz iessen a guer keen Offall entsteet.
Fir d’Schüler wier et awer net ëmmer méiglech op der Plaz ze iessen, soten si eis nach. Och wann si de Prinzip, dass manner Offall soll produzéiert ginn, wichteg a richteg fannen, hoffen si, dass de Projet an Zukunft un hir Besoinen kann ugepasst ginn.