
© Patrick Greis
Den Detlef Steves ass bekannt op däitscher TV, well hien eng kleng Zündschnouer huet. Hien steet ëmmer ënner Stroum a reegt sech iwwer Gott an d'Welt op. Dobäi gesäit hien mat senger plakeger Kopp aus, wéi wann hien kenger Séil eppes ze leets kënnt dinn. Am 'Café des artistes' am Gronn huet den 'Deffi' dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt wéi et bei 'Ab ins Beet!' lass goung. Hien zielt iwwer 'Grill den Henssler' a 'Let's Dance'. Mir héieren wat e wierklech opreegt a firwat e mat 13 Joer schonn an der Disco war. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den däitschen TV Held Detlef Steves iwwer seng Léift zum Auto, wou et awer och heiansdo hannert dem Steierrad knuppt. Hien beschreift sech als éierlech Haut a verréit eis wat op sengem Grafsteen stoe soll.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen