
© Patrick Greis
Wann een d'Lëscht kuckt vun all de Sendungen an deenen den Detlef Steves schonn op der däitscher Televisioun op Besuch war geet dat vun 'Ab ins Beet' iwwer 'Hot oder Schrott', 'Ninja Warrior Germany' bis 'Genial Daneben' an 'Let's Dance'. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten den 'Deffi' mat sametten Händschen ugepaakt fir dass en nëmmen net explodéiert an ausrast, wéi an all deene Formater wann de Kolli him platzt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Detlef Steves dass en nëmme Saache maache kann, wann en derfir brennt an dervunner iwwerzeegt ass. Hien zielt wéi e mat 13 Joer schonn an der Disco war a firwat en säin Führerschäin eng Kéier verluer hat.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen