Opmierksam ginn ass een op den Detlef Steves an der Doku-Soap 'Ab ins Beet!' wou e vun engem Moment op deen aneren aus der Këscht sprange konnt. Et huet och net laang gedauert bis aner Formater op der däitscher Televisioun op déi Bomm gesat hunn, déi all Moment explodéiere kann, zB 'Das perfekte Promi-Dinner', 'Detlef muss reisen' oder 'Hot oder Schrott' wou hien zesummen mat senger Fra allméiglech Saachen test. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten a senger Vita gefuerscht. Piano: Marc Schmidt

23-10-2024 RTL-Afterwork: mam Detlef Steves (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt den Detlef Steves wéi en mat 136kg bei Let's Dance mam Isabel Edvardsson gedanzt huet. Mir héieren, dass hien sech heiansdo selwer freet, wat hien bei der Televisioun ze sichen huet an hien verréit wéi en 1 Joer um Nicole gebaggert huet fir dass et um Enn seng Fra gëtt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen