
© Patrick Greis
Mat 55 Joer kann den Detlef Steves schonn op eng schéin Palette vu Sendungen op der däitscher Televisioun zréckkucken an deenen hien war. 'Ab ins Beet', 'Das perfekte Promi-Dinner' sinn der just zwou a bei 'Grill den Henssler' war hien schonn 14x Invité. An iwwerall hu se just drop gewaart dass hien d'Contenance verléiert a carrement ausrast. Mat Reality-TV verdéngt hien säin Liewen an wéi en do dran gerutscht ass, huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am 'Café des artistes' verroden. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Detlef Steves wat hien vun 'Summerhaus der Stars' hält a firwat hien a keen Reality-Format geet. Mir héieren wéi hien sech bei 'Let's Dance' gequäält huet a wat hien iwwer de Jurysmember Joachim Llamby denkt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen