
© Patrick Greis
Den Detlef Steves kennt een vun der däitscher Televisioun, mee en huet och schonn eng Kéier eng éierbar Aarbecht gehat a war Gastronom. E war awer och 'Rausschmeisser' oder huet Autosstécker ausgeliwwert bis hien e Fouss an d'TV gesat huet. Mat 'Ab ins Beet!' goung et lass an d'Rëtsch vu Formater an deenen däitschen Reality-TV Kënschtler opgedaucht ass leit bei 26 Stéck. Am 'Café des artistes' ass en zwar net explodéiert mee huet dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten en Abléck a säin ofwiesslungsräicht Liewen ginn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Detlef Steves iwwer seng musikalesch Zesummenaarbecht mam Jürgen Drews. Mir héieren op hien sech zu de 'Stehpinkler' zielt an den 'Deffi' verréit wéi et ass mat 3 Hënn - vun deenen deen een Autist ass - an deen aneren Kai-Uwe heescht.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen