Bei der Sendung 'Ab ins Beet!' sinn déi däitsch Produzenten op den Detlef Steves opmierksam ginn. Wann eppes net sou leeft wéi hien et wëll, dann explodéiert hien, an dofir gouf et dunn 'Detlef muss reisen', 'Detlef baut ein Haus', 'Detlef wird Rennfahrer' oder 'Detlef & Nicole'. Awer och bei 'Grill den Henssler' oder 'Let's Dance' konnt een hien gesinn. Mat 'Detlef goes Schlager' war hien 2010 e puer Méint op Platz 1 un den EinsLive-O-Ton-Charts wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am 'Café des artistes' verzielt huet. Piano: Marc Schmidt

26-10-2024 RTL-Afterwork: mam Detlef Steves (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 kënnt der Iech op flott Momenter aus de leschte Wochen a Méint freeën. Et gëtt dann e Best of ea mam Stefanie Heinzmann, Joy Hoffmann an David Goldrake

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen