
Haut ass Halloween, wonnert Iech also net wann Iech deen een oder anere Vampir oder Geescht iwwert de Wee leeft. Bei de Mexikaner heescht dat dann och datt ee vun hire wichtegste Feierdeeg virun der Dier steet, den Dia de los Muertos. A genee sou ass d'Eldoradio Halloween Party an de Rives de Clausen den Owend iwwerschriwwen.
Lass geet et um 18:00 Auer an den Entrée ass fräi, de Ben Schieres aus de Rives de Clausen.
Mir hunn do dee groussen Haff, wou ee Lokal un dat anert ass, a wat flott ass, du kanns eng Kéier parken an da muss de dech net méi beweegen dee ganzen Owend, dat heescht, du kanns ab sechs Auer kommen, du kanns do eppes iessen, an da kanns de vu Lokal zu Lokal goen, an de grousse Virdeel natierlech, all Lokal spillt och seng eege Musek, an ech mengen dat ass eppes, dat kann een zu Lëtzebuerg nëmmen op enger Plaz, an dat ass an de Rives de Clausen. An da ginn et natierlech och iwwerall déi verschiddenste Bloody Shots a speziell Longdrinks och fir Halloween, wou mer eis flott Kreatiounen ausdenken an ech mengen dat ass schonn eemoleg, souwéi déi ganz Party zu Lëtzebuerg.
Natierlech fueren den Owend an och Hënt Nightlife-Busser, fir jiddereen deen net mam Auto fuere wëllt. Iesse kann een an de Rives natierlech och, allerdéngs huet ee besser en Dësch am viraus ze reservéiere well sech vill Geeschter erwaart ginn. Apropos Geescht: wéi ass et mat Verkleedungen?
Et muss een net verkleet kommen. Mee natierlech wat méi Leit verkleet kommen, wat besser. An ech muss och soen, déi lescht Joren hunn ech ni esou eng flott Party gesinn, wou esou massiv vill Leit verkleet waren. Mee wéi gesot, mir wëllen awer nach eng Kéier soen, e verkleet, en ass kee Muss. Also dat heescht, jiddereen ass wëllkomm op där Party.
Dat wäert dann och dëst Joer erëm e Furri ginn. Dia de Los Muertes an de Rives de Clausen, d'Halloween-Party vum Eldoradio, fänkt also den Owend um 6 un an den Entreé ass fräi.