Dës Woch mat de beschte Momenter aus interessante Gespréicher aus de leschte Wochen. Mat Lidder wéi 'Shadows', 'Like a Bullet' oder 'My man is a mean man' huet d'Stefanie Heinzmann sech veréiwegt. Virum Duerchbroch an Däitschland, Dank dem Stefan Raab sengem Museksconcours, war se awer och schonn an der Schwäiz aktiv an hiert Lidd 'Chumm ins Wallis' ass 2005 vum Radiosender Radio Rottu Obrwallis zum 'gréissten Walliser Hit' vum Joer gewielt ginn. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari awer och eng zerbriechlech Persoun begéint. Piano: Marc Schmidt

28-10-2024 RTL-Afterwork: mam Stefanie Heinzmann (Méindeg)

Muer géint 17h10 zielt den Tom Bellion, fréieren Direkter vum 'Luxembourg City Tourist Office' a Museker bei 'Chapter II' iwwer eng Nuecht an der Camionnette fir op d'Instrumenter vun der Band opzepassen. A mir ginn gewuer wéi seng Renconteren mam Wolfgang Niedecken, Anastacia a Larry Carlton waren, a wou e sech gutt aus der Affär gezunn huet a bei wiem hien an e Fettnäpfchen getrëppelt ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen