
© Patrick Greis
Dës Woch komme mer zréck op e puer vun de beschte Momenter aus de leschte Wochen. Et kennt een den Tom Bellion mat Kostüm/Krawatt wann een mat him op der Aarbecht als Direkter vum LCTO oder an der Ëffentlechkeet ze dinn hat, an da gëtt et de Museker Bellions Tom, deen am T-Shirt an der Jeansbox mat der Gittar am Grapp op der Bün stoung. Mat 'Chapter II' a mat Lidder wéi 'Turn your Radio On' oder ' Eng Stonn an der Sonn' huet hien och e Stéck Radiosgeschicht geschriwwen. Am 'Café des artistes' kruten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten en Abléck a seng Zäit als Museker. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt de Filmkritiker Joy Hoffmann, firwat hien eng Kéier Antenneverbuet kritt hat. Mir ginn gewuer wat hien un indesche Filmer fënnt an de Joy Hoffmann gëtt och no sengem Liblingswitz gefrot.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen