Dës Woch gi mer e puer Wochen zréck fir eng Auswiel vun de beschte Momenter. De Filmkritiker Joy Hoffmann gesäit net just déi grouss Filmstaren am däischtere Kinossall, mee reegelméisseg zu Cannes huet hien se och viru Mikro a Kamera. Kathleen Turner, Andy Garcia, Francis McDormand, Hugh Grant, James Ivory, Nick Nolte an Isabelle Huppert sinn der just e puer vun hinnen. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och verzielt, datt hien eng Kéier vun der Antenne geflunn ass. Piano: Marc Schmidt

30-10-2024 RTL-Afterwork: mam Joy Hoffmann (Mëttwoch)

Muer géint 17h10 kënnt den Illusionist David Goldrake nach emol op den trageschen Accident ze schwätzen, deen fir hien a seng Partnerin Abbey d'Liewe vun engem Dag op deen aneren dramatesch verännert huet a mir héieren awer och nach eng witzeg Geschicht iwwer dem Siegfried an dem Roy hier wäiss Tigeren.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen