
© Patrick Greis
An der Vakanzewoch gëtt et e Réckbléck mat de beschte Momenter aus de vergaangene Wochen. Den David Goldrake gehéiert net zu den Zauberer vun 'Abracadabra' an 'Hokus Pokus'. Hien huet säi Stil fonnt, war vill op der Tëlee wéi zB bei 'The next Uri Geller' an zu sengen Auszeechnunge gehéieren de 'Mandrake d'Or' an de 'Merlin Award' als 'beschten europäeschen Illusionist'. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gouf awer och en trauregt Kapitel aus sengem Liewen ugeschnidden, an et gouf iwwer Schéinheetskorrekture geschwat . Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Alexandra Oxacelay, d'Directrice vun der 'Stëmm vun der Strooss', dass si moies dacks granzeg ass, an och alt emol Dieren knuppt a mat Saache geheit. Mir gi gewuer dass si sech wënsche géif déi nächste Kéier als Mann op d'Welt ze kommen a si verréit, dass se méi dacks zweegleiseg an der Léift gefuer ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen