D’Walfer Bicherdeeg sinn antëschent eng Lëtzebuerger Traditioun.
Dëst Joer si se Samschdes a Sonndes, de 16. a 17. November.
Fir Schüler gëtt et awer eng Avant-première!

28/10/2024 Walfer Bicherdeeg: Avant-Première fir Schüler

Stéchwuert: Après-midi Scolaire
D’Nathalie Jacoby , d’Directrice vum Centre national de littérature...

D’Nathalie Jacoby: "Walfer huet zesumme mam Script d’Initiativ geholl fir Freides Nomëttes elo schonn den Hall vun de Professionellen – dat sinn d’Editeuren, d’Institutiounen, asw. ... -  opzemaache fir Schoulklassen. Also fir Schüler vun der 3ème, 2ème a 1ère, déi dann dee Moment scho kënnen op d’Walfer Bicherdeeg “en avant première” kommen, an do déi verschidde Stänn entdecken."

Jonker, déi kuerz virum Schoulofschloss stinn, stoussen op Professioneller aus der Literatur- a Verlaagswelt.

D’Nathalie Jacoby: "Et geet drëms, dass si d’Literatur zu Lëtzebuerg kenneléieren. Mee awer och d’Beruffer! Well do sinn immens vill flott, interessant Beruffer an deem Secteur, déi méiglech a net ëmmer bekannt sinn!"

Ugeholl ech si Prof, an denke mir: dat wier dach eppes fir meng Schüler! Wat muss ech maachen?

D’Nathalie Jacoby: "Um Site vum Script ass e Link wou een sech als Schoulklass kann umellen."

Hei ass dee