
© Patrick Greis
Fir déi eng ass hien e Geheimtipp, anerer hunn bestëmmt emol nach näischt vun him héieren. Den Detlef Steves gouf bekannt op däitscher TV, well hien eng kleng Zündschnouer huet. Hien steet ëmmer ënner Stroum a reegt sech iwwer alles a jiddereen op. Dobäi gesäit hien mat senger plakeger Kopp aus, wéi wann hien kenger Méck eppes ze leets kënnt dinn. Am 'Café des artistes' am Gronn huet den 'Deffi' dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt wéi et bei 'Ab ins Beet!' lass goung. Hien zielt iwwer 'Grill den Henssler' a 'Let's Dance'. Mir héieren wat e wierklech opreegt a wéi et koum, dass hien mat 13 Joer schonn an der Disco war. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 kënnt der Iech op flott Momenter aus de leschte Wochen a Méint freeën. Et gëtt dann e Best of ea mam Stefanie Heinzmann, Joy Hoffmann an David Goldrake.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Nächste Sonndeg op dëser Platz erënnere mer u Gespréichspartner vum Dan Spogen a senger Ekipp déi och emol am RTL-Afterwork passéiert sinn, a leider schonn net méi ënner eis sinn, wéi de fréieren Direkter vum Groussen Theater Frank Feitler, den Auteur an Acteur Henri Losch, de fréieren Transportminister Marcel Schlechter an de Fausti.