De Moment falen d'Blieder vun de Beem an d'Natur verléiert hiert faarwegt Kleed. Et gëtt méi kal an eidel do baussen. A wien elo gemengt huet och d'Aarbechten am Gaart wieren all gemaach an et kéint een als Hobbygäertner elo méi eng roueg Klatz dréinen a raschten, deen huet sech geschnidden. Eisen Expert, de Jeannot Lacour kritt Iech un d'Aarbecht.

Am Hierscht gëtt jo net nëmme geschnidden, mee et ass och Planzzäit. Fänke mer beim schneiden un. Et kann een elo roueg duerfueren, dat ass guer kee Problem. A wéi laang. Natierlech hänkt dat vum Wieder of. Wann et déif an de Keller geet mat den Temperaturen da soll een net schneiden, mee dat kann herno rëm erop goen da kann een erëm weider schneiden. Dat geet bis Mëtt Enn Mäerz bis dass d'Planzen plus minus nees erwächen, bis dass erëm Saaft an d'Planzen kënnt.

Jeannot Lacour - ZäIt fir ze schneiden - Wat zB?

An t'brauch een sech och net ze vill ze fläissen.

Dat heescht et huet een awer elo 4, 5 Méint Zäit fir seng Planzen ze schneiden. T'muss een dat elo net haut a muer maachen. T'soll ee just oppassen, alles wat am Fréijoer blitt soll ech elo net schneiden, well soss kritt et keng Bléi méi. Et huet Bléiknospen dëst Joer iwwer der Saison gemaach, a wann ech déi da schneiden ass d'Fréijoer näischt méi do. Alles wat am Summer oder Hierscht nächst Joer blitt kann ech elo roueg schneiden.

Jeannot Lacour - Zäit fir ze schneiden - wéi laang?