Denkspiller, Gesellschaftsspiller, Wierfelspiller, Videospiller. Dëse WE sinn all Spillernaturen déi et gëtt an de Rotonden zu hirem komm. Um Dësch, um Buedem, op der Bün, iwwerall huet een deels ugestrengten an deels entspaante Gesiichter gesinn, déi sech hei einfach ëmgekuckt hu wat et gëtt, oder sech direkt eng Partie mat anerer geliwwert hu fir sech ze moossen.

Game on - Spiller
RTL
RTL

Organisateur war d'Game On asbl mat der Spillfabrik, Social Gaming Luxembourg, de CAPEL vun der Stad Lëtzebuerg mam IFEN an dem SNJ, a fir et méi einfach ze soen, jiddereen dee Loscht um spillen huet, elo wou d'Owender nees méi laang ginn. An och e kreative Papp war do mat senger Eegekreatioun.

Game on - Organisatioun
RTL
RTL

De Samschdeg a Sonndeg hu Kleng a Grouss genotzt, souzesoe vu 6 bis 99 Joer, wéi bei all guddem Spill. Gewannen a verléiere leien awer och no beieneen an den Éiergäiz huet bei de Meeschten net gefeelt.

Game on - verléieren
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL