
© Patrick Greis
Mir sinn am Moment an der idealer Zäit fir dobaussen Hecken ze schneiden huet eise Gaardenexpert d'lescht Woch festgehalen. Soulaang d'Temperaturen net déif an de Keller ginn, kann een dat berouegt maachen, an zwar bis Mëtt Enn Mäerz. De Grénge Jeannot well eis haut awer och drop opmierksam maachen dass een roueg elo nach planzen dierf.
T'ass déi ideal Planzzäit fir Hecken a Beem zB, well ech se an der Mott oder an de plakegen Wuerzelen kréien an dat dréckt de Präis. T'ass méi bëlleg wéi wann ech eng Planz am Joer am Container kafen. Dat ass dee gréisste Virdeel vun der Planzzäit am Hierscht. Am Hierscht/Wanter well et kann een roueg bis Ausgangs Mäerz Ufank Abrëll sou plakeg Wuerzelen planzen a Mottenplanzen setzen.
Mir erënneren eis dass een awer och ëmmer derfir suergen muss dass d'Planzen ukommen, an dofir brauche se Waasser.
Natierlech, wann et elo e bësschen dréchen ass wéi dës Woch kann ech roueg eng Géisskan derbäi ginn, soss muss ech jo de Wanter net iwwer netzen, de Buedem ass fiicht. Mee oppassen, et mengt een ëmmer den Hierscht wier déi richteg Planzzäit. Jo, et ass eng ideal Planzzäit soe mer emol, well dann brauch een jo net méi ze netzen. Jo, et brauch een net méi iwwer de Wanter ze netzen, mee wann am Fréijoer eng dréchen Period kënnt, muss een awer netzen, well déi Planzen hunn de Wanter jo awer net geschafft, si hu keng Wuerzel gemaach. Dorobber muss een gutt oppassen. Et muss een awer d'Planzen am Fréijoer netzen, wann et soll dréchen ginn.