
Et kennt een d'Biller vun sou décke Kazen déi sech iwwer de Buedem schleefen. Dat ass net just net schéin ze gesinn, mee wéi jiddereen sech virstellen kann och net gesond fir d'Déier selwer, well et gëtt Ursaachen an huet och Suiten. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth hëlt een Fall aus der Praxis als Beispill.
D´Olivia, eng vill ze déck eeler Tigerkaz, hat an der lescht e puermol eng Zort bluddege Schläim op den helle Kiche-Plättercher verluer. Well d´Kaz sech awer vill gebotzt huet, war net eraus ze fannen, vu wou dee Schlaz hier koum. Seng Leit hunn d´Déier dowéinst emol an d´Consultatioun bruecht. A well d´Patientin sech hei guer näischt gewäerde gelooss huet, hu mir him wuel oder iwwel eng Berouegung missen sprëtzen. No den éischte Resultater vun de Bluttanalysen hätte mir dat Sedatiounsmedikament am léifsten direkt réckgängeg gemaach, esou schlecht ware seng Liewerwäerter
Esou eng Narkos oder Sedatioun hu jo och Niewewierkungen a mussen um Enn natierlech jo och entgëft ginn. Mais ouni korrekt Diagnos kann een jo awer net hëllefen. Mam Ultraschall war dunn awer direkt ze gesinn, dass d´Blutt op de Plättercher vun enger fatzeger Blosenentzündung koum.
Mee der Kazepatientin hier Liewer war och opfälleg well op nëmmen d´Hallschent vun der normaler Gréisst geschrumpft. D´Olivia hat eng schwéier Lipidos vun der Liewer, een Ufank vu Fettliewersyndrom. Well an der Liewer wichteg Hëllefstoffer fir d´Bluttgerënnung fabrizéiert ginn, déi hei elo gefeelt hunn, gouf kloer, firwat seng Blos geblutt hat. De leschte Stadium vum Fettliewersyndrom kënnt well déck Kazen (wéi eis Patientin wéinst hirer Blosenentzéndung) op eemol net méi friessen. D´Kazeliewer verdaut dann kierpereegent Fett am grousse Stil, wat d´Liewerzellen bei hinnen guer net verdroen. Si stierwen of an et kënnt zu enger Liewerzirrhos.
D´Olivia hat Chance. No enger gudder Woch, déi et iwwert eng Sonde duerch d´Nues an de Mo gefiddert gouf, konnt et nees friessen an heemgoen. No enger Therapie a A mat engem Spezialregime hat et geschwënn nëmme nach 5 Kilo an d´Bluddungen ware fort.